Eise Grupp kann net vun eleng funktionnéieren. Dofir brauche mir vill Leit déi äis hëllefen an ënnerstëtzen! An éischter Linn sinn Eltere vun eise Kanner an Jugendleche gefrot, mee dëst geet leider net ëmmer duer. Mir huelen all Ënnerstëtzung an Hëllef mat oppener Hand un! Hues du Loscht op eisen Evenementer ze hëllefen? Ma da mell dech bei äis! Mir hu ganz vill verschidden Aufgaben, sou dass fir jiddereen eppes dobäi ass!

Mir hunn och eng Amicale, déi eise Grupp ënnerstëtzt. Méi doriwwer gëss du hei gewuer!