Wie si mir?
CaraPio ass eng Branche bei äis am Grupp. D´Ofkierzung dovunner steet fir Caravellen a Pionéier, dat si Jugendlecher tëscht 14 a 17 Joer, di sec
h eemol d´Woch an enger Versammlung treffe fir zesumme flott Aktivitéiten ze organiséieren an duerchzeféieren. Ganz vill Wäert gëtt op d´Matbestëmmung geluecht, souwuel bei der Wiel, der Virbereedung, wéi och beim Duerchzéie vun den Aktivitéiten. Et läit op der Hand, dass also och d´Matverantwortung an d'perséinlecht Engagement grouss geschriwwe gëtt.
Wat mir erliewen?
De Startschoss fir e neit Joer ass ëmmer d´Montée, wou déi nei CaraPio an d´Trupp opgeholl ginn. Am Laf vum Joer ginn dann en etlech Weekender zesumme geplangt an iergendwou am In- oder Ausland, am Chalet oder Zelt ofgehalen. Den absoluten Héichpunkt vum Guide/Scoutsjoer ass awer de Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland stattfënnt
Carapio-Chef: Kontakt:
Fréderic Wedeux (Responsable Chef) Email: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!
Anne Handwerk
David Palma
Charles Thill
Pol Heuschling
