Wee si mir?
Mir sinn Aventuren (Meedecher) an Explorer (Jongen) tëschent 11 an 14 Joer.
Eis Method:
Bei den Aventuren an Explorer baséiert sech d'Method op folgend Punkten:
· Ask the boy
· Learning by doing
· Aventure an Expeditioun
· Perséinleche Fortschrëtt
· Patrulleliewen
D'Aktivitéite sinn dem Alter vun den AvEx ugepasst, si riichte sech no den Interessë vun de Kanner a Jugendleche vun 11-14 Joer (Ask the boy) D'AvEx léieren duerch d'Aktivitéite bäi (Learning by doing) D'Aktivitéite sinn do, fir de Jugendlechen hir Selbstännegkeet ze fërderen, fir si fir gesellschaftlech Problemer ze sensibiliséieren a fir si iwwert hire Glawen nodenken ze loossen. Si sollen hinnen hëllefen, e perséinleche Fortschrëtt ze maachen. Bei den AvEx gëtt a klenge Gruppen, Patrullen, geschafft, wou d'Memberen sech och géigesäiteg erzéien. Si ginn zwar begleet vu forméierte Chef/tainen, mä kréien hirem Alter entspriechend Responsabilitéiten.
Bei den AvEx léiert de Jugendlechen sech fir seng Gemeinschaft engagéieren, woubäi net nëmme seng Patrull/Trupp/Grupp, mä seng ganz Ëmwelt (Famill, Schoul, Gemeng, déi Gemeinschaft vun de Menschen) gemengt ass. Och bei den AvEx gëtt un dem Baden Powell säin Opruff erënnert, d'Welt e bësse besser ze verloossen, wéi een se virfonnt huet.
Bei den AvEx léiert de Jugendlechen eng aner Charakteristik vum Mouvement kennen, et ass déi vun der Internationaler Frëndschaft. Duerch Auslands-Campénger an Aktivitéite wou Guiden a Scoute vu verschiddene Länner vermëscht sinn, léiert den AvEx déi international Frëndschaft erliewen.
Avex-Chef: Kontakt:
Yara Stephany (Responsable Chef) Email: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!
Yves Heuschling
Maité Wedeux
Jules Mirgain
Christine Bausch

